Beschreibung
Dat gett et dach net ! D’Lizzie huet sech esou op de Rallye um Bauerenhaff gefreet. Elo reent et riichteran a si an hir Frenn langweile sech dobannen. Mee do huet d’Lizzie eng Iddi a scho kuerz drop fänkt eng turbulent Sich duerch d’ganzt Haus un. An op eemol ass de Reen och net méi esou schlemm. Plätschnaass sti se virum Bréifdréier senger Dier. Ob en déi naass Band a seng Stuff léisst?