Beschreibung
De Clou vum “Plooschter-Buch”: Et huet fest Säiten an et si 5 Spill-Plooschteren dran integréiert, déi d’Kanner op d’Boboe vun den Déiere peche kënnen. Eent pecht direkt um Cover, dofir ass do eng Schutzfolie drëm! An d’Plooschtere kann een esou dacks benotzen, wéi ee wëll. Se sinn einfach propper ze halen a bleiwe gutt pechen. Huet ee se bis een oder zwee Mol lassgemaach, geet dat ganz liicht!